Firwat dësen Opruff fir Projeten?
De ‘Fonds Delhaize Group’, géréiert vun der ‘Fondation Roi Baudouin’ zu Bréissel, wëll zu der Verbesserung vum Wuelfillen a vum Zesummeliewen vun den Awunner vun engem Quartier oder engem Duerf zu Lëtzebuerg oder an der Belsch bäidroen.

Wat fir Projeten?

Projeten, déi Awunner mat verschiddener sozialer, kultureller oder ekonomescher Réalitéiten mat engem gemeinsamen Zil versammelen: seng Noperen kennen ze léieren, fir Relatiounen ze crééieren a sech an senger Communautéit wuel ze fillen.

Wien däerf e Projet aféieren?

All Persoun oder Associatioun niddergelosst an der Belsch oder zu Lëtzebuerg.

Wat bidd de Fonds u?

De Fonds stellt am Joër 2014 e Gesamtbudget vu 130.000€ zu Verfügung vun de Projet, dovunner 20.000€ fir lëtzebuergesch Projeten.

Wéini?

·          Gitt en Dossier fir d’Kandidatur bis zum 21/05/2014 of

·          Wiel bei engem selbststännege Jury: Juni-September 2014

·          Annonce vun den Gewënner géint den 03/11/2014

Wéi?

·          Fëllt Ären Dossier fir d’Kandidatur op Franséisch oder op Däitsch aus

·          Fir méi Informatiounen, surft op http://www.kbs-frb.be/index.aspx?langtype=2060

·          Tel +32-2-500 45 55 oder per Email u proj@kbs-frb.be

Mëllt Iech un oder gitt dëse Message un Är Memberen, Är Netzer weider!

Dësen Opruff fir Projeten ass eng Initative vum ‘Fonds Delhaize Group’, den vun der ‘Fondation Roi Baudouin’ géréiert gëtt.

Abonéiert Iech op eis  E-News. Domadder si dir regelméisseg iwwer Opriff fir Projeten, Manifestatiounen a Publikatiounen informéiert. Dir kënnt och wielen, Informatiounen iwwer e besonneg Thema ze kréien.
Wann Dir keng Emailen méi vun der ‘Fondation Roi Baudouin’ wëllt kréien, da schéckt eis e Message mat dem ‘reply’ op dës Email.

D »Fondation Roi Baudouin’ ënnerstëtzt Projeten a Matbierger, déi sech fir eng besser Gesellschaft engagéieren. Mir wëllen eis nohalteg Contributioun fir méi Justiz, Demokratie a Respekt vun der Diversitéit ginn. D »Fondation Roi Baudouin’ ass selbststänneg a pluralistesch. Si gouf 1976 gegrënnt, fir déi 25 Joër nodem de Kinnek Baudouin op den Troun koum.

 
Fondation Roi Baudouin, Rue Brederode 21, B-1000 Bruxelles
+32-2-511 18 40, fax +32-2-511 52 21, info@kbs-frb.be  
www.kbs-frb.be